scouts

Emmer Beret
Dat as Devise vun eisen Scouten a Guiden


Sie sinn d'Jongen a Meedecher am Alter vun 11 bis 15 Joer bei de MUNNEREFER MAIS.
Si sinn a Patrullen opgedeelt, ënnerhalb deene jiddereen eng Charge iwerhellt, dei en ze erfëllen huet (Kach, Kaissier, Sekretär, Material, 1. Hellef....). All Scout a Guide dréit also säi klengen Deel zum Gruppeliewen bäi, fir dass d'Trupp um rullen bleiwt!


All Samschden vun 10:00 bis 12:00 Auer treffe mär eis an eisem Sall an der aaler Scoul zu Altwiis. Bei eis steet vill Actioun a Spaass um Programm: mam Rucksaack duerch de Bësch trëppelen an dobausse schlofen (Hike), ënnerwee um oppene Feier kachen, Equipen- a Geschécklechkeets-Spiller, Rallyen, um Camping am Zelt schlofen …


Mir hallem op eng villsäiteg Fräizäitgestaltung gekoppelt mat enger Sensibiliséierung fir déi aktuell sozial Probleemer.Eis Jongen a Meedecher sinn a engem kriddelegen Alter, an deem si nach hallef Kand a schonn hallef Erwuessen sinn. Mär begleede si e klengt Stéck op hirem Wee an versichen aus hinnen verantwortungsbewosst Erwuessener ze maachen, déi selbststänneg an mat oppenen Aan durch d'Liewen ginn.


"Learning by doing" ass de Sproch, deen eis duerch eist ganzt Scoutsliewen begleed. Eis Scouten a Guide ginn dozou ugereegt mat ze denken an esou vill ewéi méiglech Eegeninitiativ ze ergräifen. Kollegialitéit a géigensäitege Respekt ginn bei eis grouss geschriwwen.

Gesetz

  • E Scout (Eng Guide) huet Disziplin.
  • E Scout (Eng Guide) as offen a héiferlech.
  • All Scouten a Guide sin Bridder a Schwesteren.
  • E Scout (Eng Guide) mécht säi (hiirt) Bescht fir all denen déi a Nout sin ze hëllefen.
  • E Scout (Eng Guide) mécht all Dag a gudd Wierk.
  • E Scout (Eng Guide) as gudd mat den Déiren, a respektéiert d'Natur.
  • E Scout (Eng Guide) hëlt alles vun der gudder Säit.
  • E Scout (Eng Guide) respektéiert wat anere gehéiert.
  • E Scout (Eng Guide) as propper u Läif a Séil; hie (si) seet a mécht näischt Schlechtes